Moien !
Wëllkomm bei KDE op Lëtzebuergesch.
KDE ass eng fortschrëttlech a fräi Bürosemgebung fir jiddfereen. A mir, e klenge Grupp vu KDE-Benotzer, hunn eis geduecht: wou Fortschrëtt ass, ass och eng Plaz fir d'Lëtzebuergescht. Dofier hu mir de Projet fir d'Iwwersetzung vu KDE op Lëtzebuergesch an d'Liewe geruff.
A fir dass mir schnell virukommen, brauche mir iech, jo genee: iech. Dir kënnt ganz einfach matmaachen, an déi eng oder aner Datei iwwersetzen. Wann dir eng Kéier net wësst wéi e Wuert geschriwwe gëtt, dann ass iech eis Säit iwwert d'Lëtzebuerger Schreifweis bestëmmt eng Hëllef.
Wëllt dir méi iwwert dëse Projet wëssen, dann zéckt net, fir dëss Säiten e bëssen duerchzekucken.