Mathëllefen
Mir soen iech merci, dass dir interesséiert sidd fir bei der Iwwersetzung vu KDE matzemaachen.
Follegt just w.e.g. e puer einfache Schrëtt, a scho sidd dir Member vun eisem Team.
- Schreiwt iech an eiser Mailinglëscht an, a schéckt e Message un d'Lëscht, fir dass mir wëssen, dass dir deelhuele wëllt. Dir kënnt iech ausserdem nach op der Haaptiwwersetzungssäit umellen.
- Liest w.e.g. den Iwwersetzungs-HOWTO, a waart op eng Äntwert vun engem Teamcoordinéierer, deen iech Virschléi vun Dateien mëcht, déi iwwersat solle ginn.
- Wielt iech eng Datei aus, deelt äre Choix engem Teamcoordinéierer mat, an da kënnt dir mat der Iwwersetzung ufänken. Beuecht w.e.g. och d'Wierderlëscht, fir dass d'Iwwersetzung konsistent bleiwt. Weider Erklärunge fannt dir ënnert Éischt Hëllef.
- Soubal dir mat der Iwwersetzung fäerdeg sidd, kënnt dir är Datei un en Teamcoordinéierer schécken. Dee kuckt se dann duerch, a wann alles an der Réi ass, gëtt se dann op de KDE-SVN-Server gesat.